Hinweis: Du musst Dich registrieren wenn Du einen Beitrag verfassen willst
Zum registrieren, klicke hier. Die Registrierung ist kostenlos.


Antwort erstellen
Benutzername:
Passwort:
Antwort: Hilfe zum Editor

 
Deine Signatur aus deinem Profil einfügen.
(Email Benachrichtigung, wenn auf das Thema geantwortet wird) (Hilfe)
 
T H E M A     R Ü C K B L I C K
TZ001
Hauptthema:
OLA

Ich möchte euch herzlichst einladen zusammen zum Saisonbeginn, sich alle bei einem guten Essen wieder zusehen.
Habe dieses Datum gewählt damit die Leute sich gut einrichten und wir zahlreich erscheinen ;-)
Dachte man könnte nach dem Essen einen kleinen Abstecher Richtung Schleife machen ....das hängt aber sicherlich nicht an uns, sondern am Wetter.
Wir werden uns alle auf dem Parkplatz beim McDo in Trier-Euren gegen 12.00 treffen, von wo wir dann zusammen zu Restaurant fahren.
Ich werde einen Tisch im Restaurant für 12.30 reservieren.


Treffpunkt :
Mc Donald Parkplatz in Trier-Euren

Datum und Uhrzeit --> Mc DOnald :
21/03/09 --> 12.00

Restaurant und Uhrzeit:
Eurenener Hof ---> 12.30


Bitte gebt mir vorm 18.03.09 bescheid da ich ja einen Tisch reservieren muss ;-)

Mfg
PeZ


Bearbeitet von - TZ001 am 23.02.2009 08:26:08
Chris 325
Ech sin derbei wann ech net schaffen muss .;-/
pepi
moin geht net, faenken den 2märz erem un mat schaffen, an den week end schaffen ech;
jk1983
Zu 99.9% derbei. ;-)
RR 7171
Habe leider heute das Datum für eines meiner Examen bekommen! Leider der 21. März... Sch***! Frage mich nur warum man kein anderes Datum findet als am Wochenende.

Bin also nicht mit dabei. Sorry
taissel
Zitat:


Habe leider heute das Datum für eines meiner Examen bekommen! Leider der 21. März... Sch***! Frage mich nur warum man kein anderes Datum findet als am Wochenende.

Bin also nicht mit dabei. Sorry

(Zitat von: RR 7171)




Es soll auch Leute die gehen zur Arbeit nd in den seltnsten Faellen ist das Nachts......ich will auch wieder Student sein ;-)
TZ001
:-)) @ RR : War daat elo en Witz ? :-)


An Taisselchen, wei geet et, hues du deng Tastaur erem fond :-)
...wei as et kanns du erem einegermossen richt treppelen ?
Kenns du och eppes nammen op Euren ?
jk1983
Huih, hei gett endlech nees eppes geschriwwen ;-)
taissel
zawaa mam Treppelen kann den Knei nach net ganz strecken...Euren wees ech nach net...
Mighty8
Hoi,hoi Jungs und Mädels

Hun sou lues mol erem loscht eppes schreiwen,fillen mech mol erem wei een Mensch,och wann et ma nach net wirklech gut.

Un den Autoen kniwelen as de moment och nach keen zocker,leider(ech geiw esou gär),mee ech hun nach zevill den Muskelschwund well ech esou vill ofgeholl hun.
17kg an 1.1/2 Mount,Drammzouhlen fiir all Weibchen:-))))Virun da OP waar ech op knapp 56 kg,elo sin ma erem op 62,juhu,mee hun den Reck wei wie Sau:-/

Dofir mellen ech mech och net un fir mat op d´Iessen,well et as mir nach guer net dono.

Mee ech krotzelen awer elo mol erem e bessien mat.
TZ001
OLA

Ma schein dech erem ze liesen ... waat war dann lass ?
Daat heiert sech jo net un als haess du den Schnapp gehaat ;-)
17kg as zwar Sau vill ... OP ? ...wie daat ?

Mach daer naischt draus ...geff mol erem gesond , daat mam schrauwen leeft net fort, an maer och net ... ;-)) ....ouni d'Gesondheet as den scheinsten Auto naischt wert ;-)
jk1983
Olla Mighty, flott rem eppes vun dir ze liesen!

Mee daat waats du do schreiws klengt jo eigentlech guer ent gudd. Waat haas de dann wann een froen dierf!

Op all Fall wenschen ech der nach eng gudd Besserung!!
Mighty8
Hallo Jungs,

Tjo,elo kommen ma esou lues an den Alter,wou dei eng oder aner Revisionen uleien,gell du Taissel ;-)

Mee ech hät awer leiwer den Schnapp gehaat.
Waat ech haat an hunn,as eng länger Geschicht,mee dir huet gefroot dann schreiwen ech eppes klengs:-))

Ech haat vum leschter Joer un emmer grausam Wei am Uewerkieper,ab Bauchnuebel bis un Scheller,fiir wei och am Reck.Daat heescht,et huet eng zeitchen gedauert bis een wosst waat ech hunn.An zwechenzeit haat ech ma d´iessen praktesch komplett oofgewinnt,hun mech nach vun wasser an zwieback ernährt,well ech eppes anescht net bei ma behaalen hun,oder well ech no engem normalen Iessen alles wei haat,zumols an der Bauchregion.

No etlechen Untersuchungen,sin bei verschiiden Organer(verdauungsorganer) donkel Flecken erkannt gin,(waat usech neischt gudds bedeit).Ob jiddferfall wees ech elo,wei daat sech ufillt wann den Dokter ufängt vun verschiiden Krankheeten ze schwetzen dei net esou gud sin,an daat huet mir angscht gemeet.

Bon,mir waren jo nach net färdech.No engem Dokterwiesel an enger weidere Blutuntersuchung(dei Drett)hun se dunn eppes fonnt,well verschiiden Werte zimlech schlecht waren,an ech sin dorops hin erem ennersiicht gin.
An dun huns et fonnt.Opgrond vun där groesser Strahlung vum Schmerz as et schweier festzestellen,dass et daat as.
Ech haat eng schweier Entzündung an der Gaalebloos,an dei war amgang lues an lues mei Kieper ze vergeften.Enplus haat ech och nach 28 steng a 1cm Durchmesser do dran.Daat huet geheescht,direkt eraus domat.

No da Op,hun ech mech direkt besser gefillt,objonns ech wei haat wei Sau.Een Dank un dei wonnerbar Schmerzmettelen an dei leiw Schwester dei mech domat vollgedrönt huet.Ech haat Bauchmuskelen an mengem Liewen nach net esou wei.

Den Gewichtsverloscht war net vun schlechten Elteren.Wann mir eis an der Stad begeinnt hätten,dir hät mech net erem erkannt,bon as zwar elo och nach,sin een Strech(an och nach keen groussen) an der Landschaft.Dofir hun ech den Reck wei,durch Muskelschwäche.
Do kann ech dei weiblechen Modelen net verstoen,well et fillt een sech wirklech elend.Et as wirklech total ongesond waat dei maan,well ech et elo selwer gespuert hun,esou vill gewicht an kuerzer Zeit ze veleiren.

Et geet awer neischt iwwert een gud Iessen an eng gesond Verdauung.
Just dass d´Iessen mir am moment nach e bessien schweier fällt,et as ma oft schlecht dono. Meng Liewer(Leber) muss viir d´eischt nach begreifen dass sie elo aleng zoustänech fiir Verdauung as,an den Mo(net deen vun den Simpsons)muss sech erem drun winnen dass do ab und zu mol eppes dran kennt.

Mee et geet all Daag e bessien besser,an net mei emgedreit,an daat freet mech schon all moies wann ech opstinn.Ech wäert mech nach mussen een bis zwee Meint maat den Nowierkungen remploen,mee dann misst ech et iwerstaan hun.

Sou diir wollt et wessen,an ech hoffen dir huet et och elo geliess:-)))),well daat do as jo een roman,an ech hun fangeren wei.

@Pz
So,fennt dein Auto den Wee net bei meng Diir?;-)))Joke,Mee fuer net laanscht,hei huet sech vill veränert.

Bis dann.....





taissel
Yep den Alter...bei maer ass et souweit dass se schon mussen alles festschrauwen fir alles zesummenzehaalen.

Sin frou dass se nach mat Zeit rausfonnt hun waats de hues an daat se den Problem erkannt an geleist hun. Et ass och immens frustrant wanns de dei ganzen Zeit muss doheem klunschen an du kanns naischt maan. Ech sin schon no 3 Wochen op der Couch klunchen d Maueren ropgelaaf an 3Wochen ass net wierklech laang

Ech hoffen du kenns rem schnell op d Been an gess och rem ganz gesond.

TZ001
Puuuuhhh ....daat as jo net schein , waat's du an der lescht sou erlieft hues .... , ....mein leiwen Mann ...dann versuerg dech elo mol gut.
Ech vertsin zwar nemmen d'hallschend vun dengen GesondheetsProblemer, hun och keng Ahnung waat eng Gallenblos as ....ma wann ech deng Story sou liesen, do stin maer d'Hoer am Reck zu Bierg ....puuuuhhh
Ech drecken mol kräfteg d'Daumen an wenschen gut Besserung.


Jo , du hues recht , ech haett mech kennen weissen an der lescht, ma vun denger Seit war den Kontakt och op een Mol moger. ....ma daat as jo och elo egal ...
Ech kommen dem next mol eng Keier laanscht, eisen Patient besichen ;-)
Vlait den Samsden wou maer iessen gin, kommen mech am Klein . Wann net mei Leit mat iessen gin, gesin ech keen Senn bis op Trier ze fueren , dann gin maer hei zu L. iessen an kommen dann eng Keier laanscht lussen ;-)

;-)
jk1983
Huih, daat liesst sech jo guer net gudd... do haas de awer wierklech Chance dass se d'Ursaach awer schlussendlech nach mat Zeit fonnt hun... Ech wensch dir op allen Fall eng gaanz gudd Besserung, dass de geschwenn nees fit bas!
TZ001
Zurück zum Thema ...

Wenn sich keiner mehr meldet ausser Jeff(+Begleitung) und mir(+Begleitung) dann gehen wir in Luxemburg Stadt irgendwo essen und fahren danach, nach Differdange wo ein Markenoffenes Treffen sein soll und später wahrscheinlich noch zu Mighty.

Wei as Taissel , gees du mat ?
taissel
Nope hun keng Zeit...hun schons Programm
TZ001
...et as jo net wei wann een schon laang bescheed weist....
jk1983
Also falls sich morgen noch jemand Pez und mir anschliessen will kann er sich ja telefonisch bei Ihm oder mir melden..
TZ001
Zitat:


OLA

Ich möchte euch herzlichst einladen zusammen zum Saisonbeginn, sich alle bei einem guten Essen wieder zusehen.
Habe dieses Datum gewählt damit die Leute sich gut einrichten und wir zahlreich erscheinen ;-)
Dachte man könnte nach dem Essen einen kleinen Abstecher Richtung Schleife machen ....das hängt aber sicherlich nicht an uns, sondern am Wetter.
Wir werden uns alle auf dem Parkplatz beim McDo in Trier-Euren gegen 12.00 treffen, von wo wir dann zusammen zu Restaurant fahren.
Ich werde einen Tisch im Restaurant für 12.30 reservieren.


Treffpunkt :
Mc Donald Parkplatz in Trier-Euren

Datum und Uhrzeit --> Mc DOnald :
21/03/09 --> 12.00

Restaurant und Uhrzeit:
Eurenener Hof ---> 12.30


Bitte gebt mir vorm 18.03.09 bescheid da ich ja einen Tisch reservieren muss ;-)

Mfg
PeZ


Bearbeitet von - TZ001 am 23.02.2009 08:26:08

(Zitat von: TZ001)




Nach dem sich keiner gemeldet hat, sage ich alles ab.

taissel
Zitat:


...et as jo net wei wann een schon laang bescheed weist....

(Zitat von: TZ001)





Petz ech hun der daat schon mindestens 1000mol gesoot daat et mer net mei vill seet do duerch d Geigend ze Plouen an Bensin ze verbrennen, ech hun och hei geschriwwen dass ech daat emmer spontan decideieren je nom Wieder je no menger Loscht an op ech dann net mei interessant Saachen virhun.

Mer ass et eierlech gesoot egal ops du et 3 Deech oder3 Meint virdrun an den Forum schreifs.....ech gin mat wan ECH locht hun an net nemmen wells du daat wells an wanns du mengs wei een verbruetent Kand emmer direkt alles oofzesoen dann muss du daat maachen well daat woar och lo schon fiirt drett dass de daat gemeet hes....daat ass och een vun den Grenn firwat ech mech guer net mei umellen wells du eegemechtech einfach alles oofsees well DER net genuch Leit matgin. Well dann hun ech mer daat firgeholl mam BMW Team an dann sees du et oof an dann klunschen ech den W-E doheem....Nee Merci dann huelen ech mer leiwer direkt eppes aanescht fiir. Ech wees och dass du net dofir kanns wann net genuch Leit sech mellen mee weis du dann reageiers????.... Zorry mee daat muss ech net hun, sin ze Aal fir sou Extremreaktiounen.

Ech mengen jidfereen hei ass een freien Mensch an huet och d Recht fir net matzegoen well en irgendeppes mei wichteges (jo et gin Leit dei hun och nach aaner Hobbien an sin bei weitem net sou BMW fanatesch weis du) ze din het wei BMW BMW BMW an ech waer ganz frou wans du daat keins respekteieren....

Ech hun absolut null Problem dass du dein Hobby BMW Pfleechs geneiss an ausliews an du wees dass ech daat respekteieren obschon ech heianddo och fannen dass de een Rass an der Schossel hues mee daat ass net schlemm ech woar och esou mee Leit aenneren sech an meng Prioriteiten aenneren sech an irgendwann gin et mei wichtech Saachen wei een Auto.... Verstehs de mech???? ech denken haut aanescht....mer hun haut een geilen Z3 an der Garage....ah jo schein an soss waat get et soss neits....verstehs de ??? den BMW ass do an domat huet et sech awer och schon et ass just een Auto.

Ech hoffen du verstehs waat ech mengen ouni anzeschnaapen???

Merci

Bearbeitet von - taissel am 23.03.2009 07:35:00

Bearbeitet von - taissel am 23.03.2009 07:35:43
TZ001
OLA

Mein leiwen Frend du mess daer et einfach ....

Ech hun gefroot dass een sech am viraus sollt unmelden, vir am Resto en Dech ze reservieren, an wann bis FreidesOwes ausser maer an dem Jeff, keen sech meld ....jo , dann huelen ech die EgenMaechteg Decisioun alles ofzesoen. Firwaat sollen maer bis op Euren fueren wann soss keen kennt ???????
Maer soutzen naemlech schon eng Keier zu 3 un engem groussen Dech..., zu Euren ....do as nämlech och keen komm.
An du bass Freides nach een mol gefroot gin fir nemmen mat iessen ze goen ...
Ma wanns du keen Bock hues mat eis Pz, TZ, an Jeff iessen ze goen , dann kann ech daer och net weiderhelfen.
Den "onangeschnapptenen mam Rass an der Schossel" wenscht dem anneren "freien Mensch mat den villen Hobbien" nach en scheinen Daag.

Egal , ech an den Jeff haat en en excellenten Daag ...
Maer waren beim AutoDesign um Treffen, hun eisen M8 begeint. Et war nawell wir Letz ganz vill lass ...et stung vun allem do ...gut organisiert an enger optimaler Location.

Allez ...et geseit een sech :-)



:-)
taissel
Et ass jo awe mein gudd Recht sech NET unzemellen schon guer net 3 Meint am Virraus zumols well et meechtens op 3 Leit rausleeft an dofir brauchen mer dach net laang ze plangen....een coup Telephon an schons gin tess d Esther du an ech iessen dofir muss ech dach naischt umellen. An waat daat aanert ugeet Autodesign an sou gedöns daat seet mer naischt mei....eierlech hun einfach keen Bock op Prepubertaer Honken mat hieren Golfschruppen, sin vlait einfach ze aal dofir an dofir gin ech op sou Plaatzen net mat ass genau wei Racewars.....net meng Welt dann gin ech bei deem scheinen Wieder leiwer mam Velo an den Terrain oder ennerhuelen eppes mam Esther daat get mer mei wei daat gesabbels waat dei meescht beim Autodesign do vun sech gin....wees de Petz ech respekteieren d Art an Weis weis du dech organiseiers mee dann respekteier w e g och wann net jidfereen sou mecht weis du
TZ001
ok ....du hues recht, an ech meng Ruh :-)

Weini gin maer dann mol erem iessen ...?
taissel
Zitat:


ok ....du hues recht, an ech meng Ruh :-)

Weini gin maer dann mol erem iessen ...?


(Zitat von: TZ001)




dann geneiss deng Rou :-( ech gin mol eng Ronn Kappreselen
Mighty8
Hallo,

Schreiwen och mol erem eppes klengs.
Ech haat den Pz an den Jeff zu Suessem begeint,an do ech erwähnt
dass ech mir nach eng US Maschinchen zougelout hun:)))

Ech stellen deen hei einfach eng keier gaaaanz kuerz fiir(ech woost net
op ech dofir extra een neit Thema soll maan,ausser et besteet Interessi drun,dann jeff oder pz,waltet äres Amtes;)

1988 Pontiac Trans Am GTA WS6





Den Motor as een 5,7L V8 TPI maat e puer Feinheeten dran an en huet
WS6 Option dran.An daat Dingens geet wei D´Häll op Rieder:)an vum Sound
net ze schwezen.